D'Wäibar

D'Wäibar Eng Wäibar mat exklusiv lëtzebuergesche Wäiner an enger klenger, regionaler Iesskaart. Op Crémant, Wäissen, Rosé oder Rouden, et gëtt vun allem.

D'Wäibar ass e Lokal wat et bis dato nach net op der Musel, respektiv zu Lëtzebuerg, gouf: D’Wäiner kommen exklusiv vu Lëtzebuerger Wënzer. Zousätzlech kréien d’Cliente vun der Wäibar d’Méiglechkeetalleguer d’Wäiner ze kafen, respektiv ze bestellen. Mä net nëmmen déi lokal Wäikultur, och fir eis Iesskaart setze mir virun allem op héichwäerteg regional Produiten. Nieft enger gudder Schmier oder Tar

te flambée ginn et an der Wäibar och Kéis- a Charcuteriestelleren, an am Nomëtten och mol e gutt Stéck Taart. Zil vun der Wäibar ass et de Leit déi Lëtzebuerger Wäiner an engem flotten a gesellege Kader méi no ze bréngen. An enger gemittlecher Ambiance gëtt et mol endlech rëm en Treffpunkt fir d’Leit aus der Regioun a vun ausserhalb: Et kann ee mol erëm ee „gudden huele goen“. Nieft eisen normalen Deeg hu mir och eng Serie u Special Events, wéi zum Beispill Degustatiounen, Pop-Up Kichen, Akkusitk-Concerten, „Crémant und Kuchen“, etc. An eisem Land gëtt et méi wéi nëmme Fussball oder d'Philarmonie, a genau dat soll een och an der Wäibar empfannen an erliewen.

Échelle des prix: $$

Adresse

49, Rue De Macher
Remich
5550

Heures d'ouverture

Lundi 17:00 - 22:00
Mercredi 17:00 - 22:00
Jeudi 12:00 - 14:00
17:00 - 22:00
Vendredi 12:00 - 14:00
17:00 - 23:00
Samedi 11:30 - 23:00
Dimanche 11:30 - 22:00

Téléphone

+352 26 66 02 06

Site Web

.lu

Prestations de service

  • Groups
  • Outdoor
  • Reserve
  • Waiter
  • Walkins

Spécialités

  • Coffee
  • Dinner
  • Drinks

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque D'Wäibar publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à D'Wäibar:

Partager