Brasserie Beim Elsen

Brasserie Beim Elsen C'est un restaurant avec une petite carte traditionnel et avec des spécialités luxembourgeoises

29/03/2026

Léif Clienten, léiwe Client,

mat enger decker Tréin a béiden Aen kucke mir ob 1 Joer an 3 Méint zeréck, et goufen immens flott Momenter an eiser Brasserie, welch mir och a gudder Erënnerung wäerten halen.

Allerdéngs huet de Mënsch nëmmen eng Gesondheet, wann déi awer net mei matspillt muss ee reagéieren, a genau des Gesondheet huet elo matgedeelt STOP!!!
Dëst ass de Grond wisou mir mat ganz schwéierem Häerzen Brasserie net weider kennen feieren a mat Effet immediat zou sinn.

De Courage als jonke Mënsch ze hunn alles op eng Kaart ze setzen, e Projet unzegoen an alles méiglecheches drun ze setze fir e gudde Service um Client ze liwweren ass natierlech de spirit den e muss hunn fir esou e Beruff auszeféieren.
Niewent engem 14-16 Stonnen Dag schaffe, kommen do awer nach vill aner Aufgaben op en duer, déi och musse bewältegt ginn. Wat natierlech dozou geheiert an een och weess wann een esou e Projet ugeet.
Mat vill Häerz a Léift hunn mir eis zu mei wie 100% denen Aufgaben gestallt, dran gekneit a versicht eis bäscht ze ginn.

Op dësem Wee ass et un eis iech léif Clienten a Clienen, MERCI ze soen, MERCI fir är Ënnerstëtzung déi dir eis ëmmer an ëmmer erëm gitt hutt.
Et ass nämlech och immens schéin ze gesinn dassen Leit eng Arabescht schätzen, onoofhängeg vum Präis, wann et och emol e puer Minutte gedauert huet oder emol eppes schif goung, wat normal a mënschlech ass, ëmsou mei schéin war et ze gesinn dass dir Leit erkannt hutt dass alles an ëmmer vun häerzen komm ass.

Di aner Säit vun der Medaile ass leider Gottes déi wou en Deel vun der Mënschheet a sech huet, den Eekel, Expressegkeet, schlecht schwätzen net am vis a vis, hannert engem sengem Réck, wou dann logescherweis null Chance ass a war Saachen richteg ze stellen oder sech kennen ze verteidegen. Genau di Saachen droen net dozou bei een ze ënnerstëtzen mee de contraire e futti ze maachen, egal wat Konsequenz ass, dëst huet jiddefalls net dozou bäigedroen eng Ënnerstëtzung ze sinn.
De Karma gëtt et, a wäert dëst a senger Manéier reegelen!

Sur çe, ass et fir eis elo wichteg Gesondheet erem an Rei ze kréien, wat e schwéieren a laangen Wee ass an een den sech och kann zeihen bis erëm hoffentlech iergendwann alles normal ass.

Mir wënschen vun Häerzen jidderengem nëmmen dat Bescht a soen nach emol MERCI MERCI MERCI fir di flott Zäit wou mer zesummen haten.

Natacha & Laurent🫶♾️

25/03/2026

Chers clients, la brasserie restera fermée cette semaine pour des raisons privées. Nous vous remercions de votre compréhension.

16/03/2026
De Menu vun der neier Woch esou ewei de Samstesmenu🍴Schein Woch un iech all🫶🥂
02/03/2026

De Menu vun der neier Woch esou ewei de Samstesmenu🍴

Schein Woch un iech all🫶🥂

Um Menu haut um Freideg waren zwou Wäinzoossissen mat enger Moschterzooss, Ierbesen a Muerten an e Gromperenpurée😜Als De...
27/02/2026

Um Menu haut um Freideg waren zwou Wäinzoossissen mat enger Moschterzooss, Ierbesen a Muerten an e Gromperenpurée😜

Als Dessert gouf et eng lecker mousse au chocolat🫶

Mir soen merci un Lait dei hei waren an e flotte Moment verbruecht hunn🥂

Haut war um Menu en gudden Kallefs Osso Bucco Milanese mat Tagliatelle an Geméis🍴Eisen leiwer Clientèle huet et gutt ges...
26/02/2026

Haut war um Menu en gudden Kallefs Osso Bucco Milanese mat Tagliatelle an Geméis🍴

Eisen leiwer Clientèle huet et gutt geschmaacht🙏🥂

Menu vun haut Bouchée à la reine mat Fritten an Zaloot.Ze ennerstraischen, eng hausgemachten Bouchée esou ewei en hausge...
25/02/2026

Menu vun haut Bouchée à la reine mat Fritten an Zaloot.
Ze ennerstraischen, eng hausgemachten Bouchée esou ewei en hausgemachten Dessert vun eisem guddem Natacha🙏mat leiwt zoubereed an zerveiert✌️🥂

23/02/2026

Adresse

1-3 Um Mierscherbierg
Mersch
L-7526

Heures d'ouverture

Mardi 08:00 - 22:00
Mercredi 08:00 - 22:00
Jeudi 08:00 - 22:00
Vendredi 08:00 - 22:00
Samedi 08:00 - 20:00

Téléphone

+35227338500

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Brasserie Beim Elsen publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à Brasserie Beim Elsen:

Partager