22/01/2021
D’Amicale Elleng trauert ëm eng häerzensgutt an engagéiert Fra,
déi eisem Duerf an der Amicale Elleng feele wäert.
Madame Brigitte Bichler-Feyder
Mat groussem Respekt soe mer engem ganz aktive Veräinsmember Äddi.
Dankbar si mer fir déi Zäit, déi mer zesummen an der Amicale an am Duerf erliewe konnten. Deng Hänn waren ëmmer do fir Hand mat unzeleeën.
Honnerte vu Quetschentaarten hues du mat enger ganzer Duerfekipp fir eist Quetschefest gebak. Stolz waars du op däi Stréck-Treff an nach villes méi.
Brigitte, du wäers och weider eng Plaz an eisen Häerzer hunn.
Dem Gérard, denge Kanner an der ganzer Famill drécke mer eist déifste Matgefill aus.
D‘Amicale Elleng mat hiren Ënnerorganisatiounen, der Jugend Amicale Elleng
an dem Theaterensembel „Ënner Wouer“