01/10/2021
MeltingPot Pafendall, Gëschter an Haut
2.Oktober 2021 vun 10:00h – 18:00h
Am Kader vun der Journée Européenne du Patrimoine, organiséiert de Sang a Klang een “MeltingPot Pafendall, Gëschter an Haut”
Eng reell a virtuell Rees duerch e Quartier. Entdeckt den historesche Pafendaller Quartier an engem virtuellen Tour mat Roblox. (ROBLOX 1867 Historical Role Play. Bréngt en Handy oder eng Tablette mat.https://www.roblox.com/…/3030…/1867-Historical-Role-Play
Et kann een de ganzen Dag fräi vun dësem Parcours profitéieren, Start ass am Sall vum Sang a Klang, 1, rue des Trois Glands, L-1629 Luxembourg
Da ginn et 2 Visitte mat Guide um 14:00 h an um 15:30 h. Maximal 20 Persoune pro Visitt. Entrée och hei Gratis, mee Umeldung ass néideg op: [email protected].
Den Antrëtt an de Sall ass mat Covid-Check.
De Jender Stammet féiert bei enger Visitt Guidë duerch den Dall a gläichzäiteg kënnt der mat Hëllef vun Handy/Tablett den Dall am Joer 1867 entdecken fir haut a fréier mateneen ze vergläichen.
Fir Ënnerstëtzung beim Spill suergt de Pit Vinandy.
Musikaleschen Encadrement:
Chorale Sang a Klang, Pierre Nimax, Serge Tonnar an Eric Falchero, Stelise, Trio d’Lompekréimer.
Ausserdeem ass och den CD-Verkafsstand vu www.Multimediart.lu mat séngen neien Lëtzebuerger CDen a mam Merch am Sall.
Fir Snacke a Gedrénks ass gesuergt!
Mat de Spezialitéiten "Met a Fragolino" vun der Keltesch Wander-Taverne "Menhir", a natierlech och ee Plempert an eng Hunneg Nisch...!
Weider Info: +352 691 406689
Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture.